Partner Garagen

Dir hutt d'Méiglechkeet fir ee Garage oder ee Montagepartner als Liwweradress auszewielen. An dësem Fall muss de Montage vun äre Pneuen och an dësem Garage gemaach ginn. D'Montagepartner huele keng Liwwerunge ouni Montage un.

EASYPNEUS wielt seng Montagepartner virsiichteg eraus a leet e Qualitéitsstandard fest, fir dee beschtméigleche Service um Client an déi bescht Qualitéit vu Autos Servicer ze garantéieren.

EASYPNEUS gëtt dem Montagepartner folgend Informatiounen: Bezeechnung vun de bestallte Pneuen, är Kontaktinformatioune (Adress, E-Mail, Telefon) an är 3 gewënschte Rendez-vousen. De Montagepartner wäert iech kontaktéiere fir ee vun deenen 3 Rendez-vousen ze bestätegen oder anerefalls een anere festzeleeën.

Nëmmen de Montagepartner ass responsabel fir de korrekte Montage vun äre Pneuen. Dir bezuelt de Montage an eventuell aner gewënschte Servicer (Recycling vun ären ale Pneuen, Gardiennage, Carcheck, Felgen,…) op der Plaatz. De Präis fir de Montage an aner Servicer vun dësem Garage ginn iech als Informatioun op der Websäit vun EASYPNEUS matgedeelt.

Entdeckt eise Reseau vu Partnermontagegaragen.